lu_main-11
lu_main-22

Wat ass kids.cloud?

kids.cloud ass eng Cloud-baséiert Kommunikatiouns- a Verwaltungssoftware speziell fir Crèchen, Foyeren, Maison relais, Schoulen, Sportsclibb an aner Kannerbetreiungen.

Einfach a sécher Kommunikatioun mat den Elteren an Educateuren hëllefen eng Partnerschaft opzebauen, an ënnerstëtzen d’Entwécklung vum Kand.

Firwat kids.cloud?

kids.cloud als Software leeft komplett an der Cloud, datt bedeit dass all Benotzer – Educateuren, Elteren a Geranten – Accès op déi aktuellst Informatiounen aus hirer Entitéit hunn, ouni ë Programm oder eng App installéieren ze mussen, einfach iwwert de Web-Browser vun all modernem Device.

Mat eiser Léisung kënnt dir all d’Donnéeë vun Ärer Entitéit op enger sécherer Plaz späicheren. Dir hutt d’Kanner, d’Elteren an d’Educateuren am Bléck, kënnt Biller an Infos posten, Presencen an Aarbechtszäite suivéieren, Evenementer plangen a Menüe publizéieren.

Spuert Zäit

Verbrengt manner Zäit mat Administrativem, a méi zum Beschte vun de Kanner.

Méisproocheg

En Atout, an zu Lëtzebuerg eng Necessitéit: Benotzt kids.cloud op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch oder Russesch.

Multi-Account

Fir d’Elteren, Informatiounen zu hire Kanner all op enger Plaz.

Mobil

Fonctionnéiert op all Zort vu Gerät: PC, Tablette, Smartphone. Dir braucht just e moderne Web-Browser.

Sécher

All d’Donnéeë gi verschlësselt iwwerdroen, si sécher stockéiert no de Prinzipie vu “security and privacy by design” a kënnen onkomplizéiert geläscht ginn.

Gratis

D’Starter-Editioun vu kids.cloud ass gratis.

kids.cloud gëtt developpéiert vun YPZEELON S.à r.l.